top of page

Projet Benfiz-Concert 2015

Léif Sängerinnen a Sänger,

 

Mir, d’Chorale Eeschwëller, organiséiere mat eech zesummen ee grousse Benefizconcert an zwar Samsdes, de 07.02.2015 owes um 20.00 Auer an Sonndes, den 08.02.2015 mëttes um 17.00 Auer zu Kleerf an der Hall.

 

Dëse Concert ass éischtens gedoacht fir di kleng Choralen, sou wéi mir och, déi d’Chance nik méi hon, bei engem grousse Projet matzemaachen.

Zweetens riicht dëse Concert sich u jiddereen dee Spaass um sangen hott.

 

Duerch dëse Concert gëtt et méiglich, vill Sänger a Sängerinnen fir ee Projet zesummen ze kreien a mat Orchester ee weltliche Programm op d’Been ze stellen.

 

Zousätzlich kommen d’Recette vun dem Owend integral engem gudde Weerk zegutt.

 

Mëcht eng Chorale geschlossen als Chouer mat, prouwen si d'Stécker och an hire gewinnte Gesankprouwen. All zwee Méint kommen dann all d'Sänger zu Eeschwëller beieneen fir déi bis do geproufte Ligder zesummen ze sangen.

 

Jidderee kann sich och de Prouwe vun der Eeschwëller Chorale Mëttwochs um 20.00 Auer zu Eeschwëller an der Kierch uschléissen.

 

All Gesankveräin kann och selwer bestëmmen, ob en d’Stécker 4-stëmmig wëll prouwen oder villäicht just eng Dammen- oder eng Männerstëmm asw. Do weess all Dirigent am Beste wat bei sénger Chorale méiglich ass.

 

Jiddereen, den un dësem Projet intresséiert ass, soll sich iwwert de Kontaktformular hei op der Säit  umellen.

 

Mir hoffen, datt dëse Projet eech usprëcht an hoffen op äer Hëllef.

 

Villmools Merci elo schon am Viraus.

 

de Comité

Home

Benefiz

Concert

bottom of page