top of page

Projet Benfiz-Concert 2018

Léif Sängerinnen a Sänger,

Nom grousse Succès vum Benefiz-Concert 2015 lancéiere mir dëse Projet eng zweete Kéier. 2015 konnte mir mat dësem Projet der asbl Ekhoes ee Scheck vun 11 111,00 € iwwerreechen.

Mir, d’Chorale Eeschwëller, organiséiere mat eech zesummen den zweete grousse Benefiz-Concert an zwar provisorisch Samsdes, den 03.02.2018 owes um 20.00 a Sonndes, de 04.02.2018 um 17.00 Auer.

Dëse Concert ass fir jidderee gedoacht den sich beruff fillt ze sangen, sief et als professionelle Sänger oder als Amateur, sief et jonk oder manner jonk. Jiddereen ass häerzlich wëllkomm.

Duerch dëse Concert gëtt et méiglich, vill Sänger a Sängerinnen fir ee Projet zesummen ze kreien a mat Orchester ee weltliche Programm op d’Been ze stellen. Zousätzlich kommen d’Recette vun dem Owend integral engem gudde Zweck zegutt.

D’Prouwe së Mëttwochs vun 20.00 – 22.00 Auer zu Eeschwëller an der Kierch.

Jiddereen, den un dësem Projet intresséiert ass, soll sich iwwert de Formular op eiser Homepage http://chorale.eschweiler.lu bis spéitstens Fregdes, den 10. März 2017 umellen.

Fotoen an Toundokumenter vum leschte Concert fannt dir op http://chorale.eschweiler.lu.

Mir hoffen, datt dëse Projet eech usprëcht an datt mir op eech zeele kënnen.

 

Villmools Merci elo schon am Viraus.

 

de Comité

Home

Benefiz

Concert

bottom of page